Jean-Pierre Brasseur
| Jean-Pierre Brasseur | |
|---|---|
| Gebuer |
8. Februar 1840 Déifferdeng |
| Gestuerwen |
15. November 1929 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Gielercher | Chevalier vun der Légion d'honneur |
|
| |
De Jean-Pierre Henri Brasseur, gebuer den 8. Februar 1840 zu Déifferdeng, a gestuerwen de 15. November 1929 an der Stad Lëtzebuerg[1], war en Industriellen, Hotellier a Proprietär vu Lännereien an der Stad[2], westlech vun der Place Winston Churchill.
De Brasseursweier um Belair, op deem reegelméisseg Schlittschong gefuer gouf, war no him genannt[3][4].
Hien huet sech den 18. Januar 1865 zu Réiden op der Atert mat der Anne Bourg vu Nojem (1835–1909) bestuet[1][5]; d'Koppel krut véier Kanner: ? (1866–1866), den Alphonse Christoph (*1866), d'Barbara Aline (1868–1929) an de Mathias Léon (*1871)[5].

Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Jean-Pierre Brasseur z'erënneren, gouf um Belair eng Strooss nom him genannt: d'Rue Jean-Pierre Brasseur verbënnt de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte mat der Rue Jean Bertholet.[6]
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]
Chevalier vun der Légion d'honneur [1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 (fr) Publicité 8 Page 4.. L'indépendance luxembourgeoise, 59. Jg., nº 319, p. 4. (15.11.1929). Gekuckt de 06.10.2024.
- ↑ (de) Bauplätze-Versteigerung. Escher Tageblatt, 1933. Jg., nº 29, p. 9. (03.02.1933). Gekuckt de 06.10.2024.
- ↑ (de) Evy Friedrich, Paul Ruppert, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt. onsstad.vdl.lu (1980). Gekuckt de 06.10.2024.
- ↑ (de) Der Brasseursweiher. Revue, 16. Jg., nº 7, p. 17. (13.02.1960). Gekuckt de 06.10.2024.
- ↑ 5,0 5,1 (en) Arbre généalogique. www.familysearch.org. Gekuckt de 06.10.2024.
- ↑ (fr) Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de 06.10.2024.
