Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Brasseur

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jean-Pierre Brasseur (1840))
Jean-Pierre Brasseur
Gebuer 8. Februar 1840
Déifferdeng
Gestuerwen 15. November 1929
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Gielercher Chevalier vun der Légion d'honneur‎

De Jean-Pierre Henri Brasseur, gebuer den 8. Februar 1840 zu Déifferdeng, a gestuerwen de 15. November 1929 an der Stad Lëtzebuerg[1], war en Industriellen, Hotellier a Proprietär vu Lännereien an der Stad[2], westlech vun der Place Winston Churchill.

De Brasseursweier um Belair, op deem reegelméisseg Schlittschong gefuer gouf, war no him genannt[3][4].

Hien huet sech den 18. Januar 1865 zu Réiden op der Atert mat der Anne Bourg vu Nojem (1835–1909) bestuet[1][5]; d'Koppel krut véier Kanner: ? (1866–1866), den Alphonse Christoph (*1866), d'Barbara Aline (1868–1929) an de Mathias Léon (*1871)[5].

Stroosseschëld um Belair.

Fir un de Jean-Pierre Brasseur z'erënneren, gouf um Belair eng Strooss nom him genannt: d'Rue Jean-Pierre Brasseur verbënnt de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte mat der Rue Jean Bertholet.[6]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 (fr) Publicité 8 Page 4.. L'indépendance luxembourgeoise, 59. Jg., nº 319, p. 4. (15.11.1929). Gekuckt de 06.10.2024.
  2. (de) Bauplätze-Versteigerung. Escher Tageblatt, 1933. Jg., nº 29, p. 9. (03.02.1933). Gekuckt de 06.10.2024.
  3. (de) Evy Friedrich, Paul Ruppert, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt. onsstad.vdl.lu (1980). Gekuckt de 06.10.2024.
  4. (de) Der Brasseursweiher. Revue, 16. Jg., nº 7, p. 17. (13.02.1960). Gekuckt de 06.10.2024.
  5. 5,0 5,1 (en) Arbre généalogique. www.familysearch.org. Gekuckt de 06.10.2024.
  6. (fr) Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de 06.10.2024.