Jean-Pierre Probst

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Pierre Probst
Gebuer 29. Juli 1871
Iechternach
Gestuerwen 26. Februar 1936
Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei SDP (1903)

De Jean-Pierre Probst, gebuer den 29. Juli 1871 zu Iechternach[1] a gestuerwen de 26. Februar 1936 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergeschen Affekot an Deputéierten.

Zanter hirer Grënnung 1902 war hie Member vun der Sozialdemokratescher Partei a gouf 1903 als Vertrieder vun där Partei an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. Hei ass e bis 1920 bliwwen, déi lescht 3 Joer als Schäffen. 1905 gouf en als sozialistesche Vertrieder an d'Chamber gewielt an ass et bliwwe bis 1919. Duerno huet en net méi kandidéiert.[3].

D' Rue Jean-Pierre Probst um Lampertsbierg gouf no him genannt.


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt Nr. 57 vun der Stad Iechternach vum 31. Juli 1871
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 27. Februar 1936
  3. "J.P. Probst gestorben" am Tageblatt vum 27. Februar 1936