Jean Backes

Vu Wikipedia
Jean Backes
Gebuer 15. September 1928
Helsem
Gestuerwen 14. Februar 1982
Gossau
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler, Direkter
Partei Demokratesch Partei

De Jean Backes, gebuer de 15. September 1928 zu Helsem[1] a gestuerwen de 14. Februar 1982 zu Gossau[2] an der Schwäiz duerch en Autosaccident, war e lëtzebuergeschen DP-Politiker a Gewerkschaftler.

No sengem Lycéesofschloss huet hien den 18. August 1951 bei der Privatbeamtekummer ugefaange mat schaffen, wou hien 1961 Generalsekretär an dunn 1980 Generaldirekter genannt gouf.

Hie war ausserdeem vun 1965 bis 1981 Member vum Comité-directeur vun der Privatbeamtepensiounskeess.

Vun 1974 bis 1979 war hien Deputéierte vun der Demokratescher Partei an der Chamber a vun 1976 u war hien och Member vum Gemengerot zu Walfer, wou hien du vun 1976 bis 1978 am Schäfferot souz.

Hien huet eng wichteg Roll bei de verschiddene Reformen vum Privatbeamtestatut gespillt, wou hie sech ë. a. fir méi gerecht an harmonesch Paien engagéiert huet.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon
  2. Et ass net gewosst wat fir e Gossau gemengt ass