Jean Massard (Keel)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Mecanicien a Keeler Buergermeeschter. Fir aner Persoune mat deem Numm, kuckt wgl. Jean Massard.
Jean Massard
Gebuer 26. Dezember 1844
Heeschdref
Gestuerwen 26. November 1923
Keel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Mecanicien, Politiker, Industriellen
Famill
Geschwëster Henri Massard

De Jean Massard, gebuer de 26. Dezember 1844 zu Heeschdref a gestuerwen de 26. November 1923 zu Keel,[1] war e lëtzebuergeschen Industriellen a Lokalpolitiker.

Den Industriellen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Massard war Schlässer respektiv Mecanicien vu Beruff. 1873 huet hien zesumme mat sengem Brudder Henri Massard (1839-1890), deen och Mecanicien war, zu Keel d'Hubertysmille kaaft[2] an do en Atelier installéiert, wou si Buggie fir déi lëtzebuergesch an déi franséisch Eisenäerz-Minière gebaut hunn. Enn 1882 koum zum Konstruktiounsatelier nach eng Géisserei dobäi. De Betrib, deen ënner dem Numm Fonderie & Ateliers de construction Massard » bekannt gouf, ass ville Leit virun allem e Begrëff ginn, wéinst de Kanaldeckelen, déi do produzéiert goufen.[3]

De Gemengepolitiker[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Massard, deen zu Keel gewunnt huet, huet sech fir d'Lokalpolitik intresséiert. Bei der partieller Wal vum Oktober 1887 gouf hien an de Gemengerot vu Keel gewielt. Well säi Schwoer Michel Kayser-Kaysen du scho Member vum Gemengerot war, huet de Keeler Gemengerot fir den neigewielte Konselljee eng Dispens ugefrot, fir datt hien zesumme mat sengem Schwoer am Gemengerot konnt sëtzen. Déi Dispens gouf dann och accordéiert.[4]

De Jean Massard ass bis 1902 am Keeler Gemengerot bliwwen. Den 18. Februar 1893 gouf hie Schäffen an den 21. Mäerz 1894 Buergermeeschter. Den 30. Dezember 1899 huet hie seng Demissioun als Buergermeeschter agereecht, huet awer provisoresch säin Amt nach bis zur Nominatioun vu sengem Nofollger Nicolas Wilhelm-Schmit am Mäerz 1900 ausgeüübt. De Jean Massard ass dono bis Enn 1902 als einfache Konselljee am Gemengerot bliwwen.[4]

Am Laf vum Joer 1895 huet de Jean Massard fir eng kuerz Zäit d'Presidentschaft vun der Keeler Musek (Musik-Verein-Cäcilia, Harmonie Ste-Cécile), déi 1888 gegrënnt gouf, iwwerholl.[5]

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

Hien hat sech den 19. Oktober 1881 zu Keel mat der Catherine Kayser vun Esch-Uelzecht bestuet. D'Koppel hat zwee Kanner, den Henri, 1882 gebuer, an d'Thérèse, 1883 gebuer.[1]

De Jean Massard gouf den 29. November 1923 um Keeler Kierfecht begruewen.[6]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Luxroots.com
  2. Kauffmann, Jules (1993): Mit der Bannmühle durch die Jahrhunderte. Kayl, S. 127.
    Dupong, Joseph (1997): Kayl in der Geschichte, 2. Aufl. Kayl, S. 86
  3. Fonderie & Ateliers de construction Massard.
  4. 4,0 4,1 Kauffmann, Jules (1992): Kayl : Auf den Spuren des Gemeinderats : 1795 bis 1990. Kayl, S. 177-195.
  5. Harmonie Ste-Cécile (1988): Harmonie Ste-Cécile Kayl 1888 bis 1988. Musik- und Kultur-Festwochen vom 1. bis 16. Oktober 1988 anlässlich der Hundertjahrfeier mit Einweihung der neuen Fahne am 16. Oktober 1988 : 1888 bis 1988. Kayl, S. 51 an 129.
    Mille, Marcel (1988): Kayl, früher und heute herausgegeben von der Harmonie Ste-Cécile im Jubiläumsjahr 1988. Esch-sur-Alzette, S. 43
  6. Luxemburger Wort 1923-11-27, S. 3, Doudesannonce.