Jean Michel Flammang

Vu Wikipedia
Jean Michel Flammang
Gebuer 6. Dezember 1825
Käerch
Gestuerwen 6. Dezember 1883
Milwaukee
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Jean Michel (Michael) Flammang, gebuer de 6. Dezember 1825 zu Käerch a gestuerwen de 6. Dezember 1883[1] zu Milwaukee am Wisconsin (USA), war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Nordamerika.[2],[3]

1853 huet de Michel Flammang, dee bis dohin zu Lëtzebuerg am Seminär studéiert huet, decidéiert no Amerika auszewanderen. Do huet hie säin Theologiesstudium fäerdeg gemaach an hie krut 1854 d'Priisterwei. No e puer Tëschestatiounen ass hien am Dezember 1858 als Paschtouer op St.Donatus an der Diözees Dubuque komm.

De Flammang ass zwar wäit vu senger Par ewech gestuerwen, hien ass awer den 10. Dezember 1883 um Kierfecht vu St. Donatus begruewe ginn,[1] wou nach haut säi Grafmonument, nieft deem vu senger Mamm, ze gesinn ass.[2]

De Michel Flammang war ee vun de Grënner, am Joer 1871, vun der kathoulescher "Luxemburger Gazette”, déi zu Dubuque erauskoum, déi hie finanziell ënnerstëtzt a fir déi hie reegelméisseg geschriwwen huet.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort 1883, Nr. 294 (18. Dezember), S. 2-3 (Körich, 17. Dezember.) [1].
  2. 2,0 2,1 2,2 Gonner, N., 1889: Die Luxemburger in der neuen Welt. Dubuque. - Zitéiert no der Neioplo vun 1985: Illustrierte Neuausg. in 2 Bänden, hrsg. von Jean Ensch, Carlo Hury u. Jean-Claude Muller; unter Mitarbeit von Antoine Gonner u. Liliane Stemper-Brickler. Éditions-Reliures Schortgen, Esch/Alzette, 1985, S. 243ss. (Luxemburger Gazette) a S. 457 (Flammang, Johann Michel. — Hien ass 1883 an net 1882 gestuerwen, wéi dat do am Buch steet.
  3. Kuckt och: Luxemburger Geschichtskalender: 6. Dezember. Luxemburger Wort 1895, Nr. 340 (6. Dezember), S. 3. [2]
    Luxembourg-American Families, Genealogy Pages by Bob Arens: Flammang, Michael (J. Michael). [3]