Jean Picard

Vu Wikipedia
Jean Picard
Gebuertsnumm Jean-Felix Picard
Gebuer 21. Juli 1620
La Flèche
Gestuerwen 12. Juli 1682
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Prytanée national militaire
Aktivitéit Astronom, Physiker, Priister
Member vun Académie des sciences

De Jean-Felix Picard, gebuer den 21. Juli 1620 zu La Flèche a gestuerwen den 12. Juli 1682 zu Paräis, war e franséische Paschtouer an Astronom.

De Picard huet 1669 als Éischten d'Längt vun engem Grad vum Meridianbou - an domat d'Gréisst vun der Äerd - mat enger héijer Genauegkeet bestëmmt (kuckt och Gradmiessung). Dofir huet hie mat engem Teleskop vu verschiddene Plazen den Ofstand vun engem Stär zum Zenit vermooss. D'Resultater goufe 1684 posthum publizéiert. Déi Miessungen huet den Isaac Newton benotzt, fir seng Gravitatiounstheorie opzestellen.

De Picard huet och de Fuedemmikrometer als astronomescht Moossinstrument agefouert.

Wéi hien am Joer 1675 mat engem Quecksëlwerbarometer de Loftdrock an ënnerschiddlechen Héichten ënnersicht huet, huet hien um Barometer Glimmentluedungen (vgl. Geißlerröhre) observéiert. D'statesch Elektrizitéit war zu deem Zäitpunkt nach net bekannt.[1],[2]

De Picard war ausserdeem de Grënner vum éischten astronomesche Joerbuch Connaissance des temps 1679.

De Picard gouf 1665 Professer um Collège de France.

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Encyclopedia Britannica: Jean Picard
  2. Encyclopedia Britannica: Barometric light