Jean de La Fontaine

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem franséische Schrëftsteller. Fir de lëtzebuergesche Moler, kuckt wgl. Jean de la Fontaine.
Jean de La Fontaine
Gebuer 8. Juli 1621
Château-Thierry
Gestuerwen 13. Abrëll 1695
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Fabeldichter, Dichter, Affekot, Kannerbuchauteur, Schrëftsteller, Dramatiker
Member vun Académie française
Famill
Papp Charles de La Fontaine

De Jean de La Fontaine, gebuer den 8. Juli 1621 zu Château-Thierry (Departement Aisne) a gestuerwen den 13. Abrëll 1695 zu Paräis, war e franséische Schrëftsteller. Hien zielt zu de grousse Klassiker vun der franséischer Literatur a Generatioune vu Schoulkanner hu mat senge Fabele Bekanntschaft gemaach.

No deenen engen odere anere Publikatiounen (dorënner Nouvelles tirées de Boccace et d'Arioste (1663; spéider zu Contes et nouvelles en vers erweidert) huet hien ëm 1665 ugefaangen, dat ze schreiwen, wat säin Haaptwierk sollt ginn, nämlech e Recueil vu Fabelen, dee 1668 fir d'éischt Kéier an zwéi Bänn ënner dem Titel Fables choisies, mises en vers par M. de La Fontaine erauskoumen. 1677 a 1679 koumen den 3. an de 4. Band no.

Den De La Fontaine huet weiderhin e klenge Roman, Les amours de Psyché et de Cupidon (1669) geschriwwen, d'Libretto zu der Oper Daphné (1674), dat de Jean-Baptiste Lully vertount huet, souwéi dat e puer Theaterstécker a Libretti, déi weider kee grousse Succès haten.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Adonis (1658)
  • Élégie aux nymphes de Vaux (1660)
  • Contes et nouvelles (1665)
  • Fables (Premier Recueil) (1668)
  • Amours de Psyché et de Cupidon (1669)
  • Recueil de poésies chrétiennes et diverses (1671)
  • Poème de la captivité de saint Malc (1673)
  • Daphné (1674)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jürgen Grimm: La Fontaines Fabeln. Reihe: Erträge der Forschung, 57. Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt.
  • Marie-Odile Sweetser: Parcours lafontainien. D'Adonis au livre XII des Fables. Narr, Tübingen 2004, (= Biblio 17; 150), ISBN 3-8233-6014-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean de La Fontaine – Biller, Videoen oder Audiodateien