João Bernardo Vieira

Vu Wikipedia
João Bernardo Vieira
Gebuer 27. Abrëll 1939
Bissau
Gestuerwen 2. Mäerz 2009
Bissau
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Guinea-Bissau
Aktivitéit Politiker
Partei Partido Africano da Independência da Guiné e Cabo Verde, Onofhängeg

De João Bernardo ("Nino") Vieira, gebuer de 27. Abrëll 1939 zu Bissau, an och do gestuerwen den 2. Mäerz 2009, war e Politiker vu Guinea-Bissau a Staatspresident vun 1980 bis 1999 a vun 2005 bis zu sengem Doud.

De Vieira war en Elektriker. Hien huet sech 1960 der Onofhängegkeetsbeweegung Partido Africano da Indepencia da Guinea e Cabo Verde (PAIGC), ugeschloss, déi vun 1962 e Guerillakrich géint Portugal gefouert huet. Dofir huet hien a China eng Militärausbildung gemaach. 1973 huet Guinea-Bissau sech onofhängeg erkläert, an de Vieira gouf Verdeedegungsminister an Deputéierten an (a bis 1978 President vun) der Nationaler Assemblée. 1978 gouf hie Premierminister a Kommandant vun der Arméi. Am November 1980 huet hien an engem Staatsstreech de Luís de Almeida Cabral ofgesat a gouf Staatspresident.

1998-1999 gouf et e Biergerkrich tëscht den Unhänger vum Vieira an deene vum Rebelleleader Ansumane Mané. De Vieira huet 1999 missen a Portugal an d'Verbannung. 2005 koum en nees hannescht a Guinea-Bissau fir bei de Presidentschaftwalen ze kandidéieren. Hie gouf gewielt an eng zweet Kéier President.

Am November 2008 gouf et en Iwwerfall op de Presidentepalais an e Putschversuch duerch d'Arméi. De Vieira krut e Secherheetsdéngscht vu 400 Mann déi hie schütze sollten. Am Januar 2009 gouf déi Privatarméi beschëllegt, de Chef vum Militär Tagme Na Waie wëllen doutzemaachen. Den 2. Mäerz ass den Na Waie bei engem Bommenattentat ëm d'Liewe komm. Rebelle sinn doropshin bei dem Vieira säin Haus gezunn an hunn en erschoss, well ugeholl gouf, hien hätt den Uerder ginn, den Na Waie z'ermuerden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: João Bernardo Vieira – Biller, Videoen oder Audiodateien