Jo Meyers

Vu Wikipedia

De Jo Meyers, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV) a Gewerkschafler (LCGB).

1988 ass de Jo Meyers am Grupp Kleng- a Mëttelindustrie op der LCGB-Lëscht an d'Chambre des employés privés gewielt ginn.

De Jo Meyers gouf de 24. Januar 1989 als Deputéierten an der Chamber vereedegt nodeem d'Astrid Lulling demissionéiert hat.[1] Hien huet säi Mandat bis zum Enn vun där Legislatur ausgeféiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Vereedegung vum Jo Meyers als Deputéierten an der 34. Sëtzung vun der Chambersessioun 1988-89 de 24. Januar 1989