Joerhonnerthal

Vu Wikipedia
Joerhonnerthal
Land Polen
Gemeng Wrocław
Plaz Wrocław
Koordinaten 51°6'25"N, 17°4'38"O
Fläch 36,69 ha
Statut Weltierwen
Datum vum Bau 1911
Opgaangen 20. Mee 1913
Proprietär Wrocław
Ëm 1920

D'Joerhonnerthal oder Centennaireshal (Polnesch: Hala Stulecia; nom Zweete Weltkrich och eng Zäitchen Hala Ludowa (Vollekshal) genannt) ass en historescht Gebai zu Wrocław, a Polen. Et gouf tëscht 1911 an 1913 no de Pläng vum Architekt Max Berg gebaut; deemools huet d'Stad ënner dem Numm Breslau zum Däitsche Keeserräich gehéiert.

D'Joerhonnerthal ass vum Konzept hier e multifunktionnellt Gebai, an deem Ausstellungen, Concerten, Theateropféierungen oder Sportsevenementer organiséiert kënne ginn.

Si war eent vun den éischte prestigéise Gebaier aus arméiertem Betong, a gouf 2005 als nationaalt historescht Monument, an 2006 vun der Unesco als Weltierwe klasséiert.

Den Numm geet op d'Proklamatioun An Mein Volk vum preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm III. zeréck, déi hien den 10. Mäerz 1813 zu Breslau gemaach huet fir zum Widderstand géint d'Besetzung vum Napoleon I. opzeruffen. D'Hal gouf am Kader vun de Feierlechkeete vum 100. Anniversaire vun deem Opstand ageweit.

Ronderëm d'Hal ass e Landschaftspark mat Gebaier. E gouf vum Hans Poelzig entworf an den 20. Mee 1913 a Presenz vum Krounprënz Willhelm vu Preisen, opgemaach.

Nodeems aus Breslau Wrocław gi war, an d'Kommunisten un der Muecht waren, gouf nieft der ëmgedeefter Hal 1948 eng 106 Meter héich metalle Skulptur opgeriicht, déi Iglica ("Nol") genannt gouf.

D'Hal gouf 1997 an 2010 renovéiert a moderniséiert.

Architektur[änneren | Quelltext änneren]

Bannenan

D'Kuppel aus arméiertem Betong huet e bannenzegen Duerchmiesser vun 69 Meter, an ass 42 Meter héich. De Sall huet véier Fligelen ronderëm en zentraalt ronnt Mëttelsstéck; an en huet Plaz fir bis zu 7.000 Leit.

D'Uergel an hirer ursprénglecher Form war vun der Firma Walcker Orgelbau. Se bestoung aus 15.133 Päifen an 200 Regësteren, a war dunn déi Gréisst op der Welt. Nom Zweete Weltkrich gouf s'an d'Kathedral vu Wrocław geplënnert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erich A. Franz: Die Jahrhunderthalle. In: Bei uns in Breslau. Dülmen 1983, ISBN 3-87466-055-9, S. 32.
  • Jerzy Ilkosz: Die Jahrhunderthalle und das Ausstellungsgelände in Breslau. Das Werk Max Bergs. München 2006, ISBN 978-3-486-57986-4.
  • Helmut Sauer: Die Jahrhunderthalle zu Breslau. Historische Reminiszenzen. (hrsg. von der Vereinigung ehemaliger Angehöriger der Gerhart-Hauptmann-Oberrealschule zu Breslau) (= Die Grüne Reihe, Heft 16.) Selbstverlag A. Zappel, Leverkusen 2000.
  • Ferdinand Werner: Der lange Weg zum neuen Bauen. Band 1: Beton: 43 Männer erfinden die Zukunft. Wernersche Verlagsgesellschaft, Worms 2016. ISBN 978-3-88462-372-5, S. 334–340.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Centennial Hall – Biller, Videoen oder Audiodateien