Johann Friedrich Wurm

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Johann Friedrich Wurm, gebuer den 19. Januar 1760 zu Nürtingen a gestuerwen den 23. Abrëll 1833 zu Stuttgart war en däitsche Schoulneeschter an Astronom.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wurm war de Jong vum Gottlieb Friedrich Wurm (gestuerwen de 7. August 1803) a vum Beate Christina geb. Wolf (gestuerwen, de 15. Abrëll 1760). Säi Papp war Precepter an der Latäinschoul vu Nürtingen. No dem Doud vu senger éischter Fra huet säi Papp sech de 4. November 1760 mat der Johanna Katharina Ziegler bestuet. Mat hir hat hie 6 Kanner.

De Johann Friedrich gouf vu sengem Papp an den ale Sproochen ënnerriicht a sou konnt hien 1774 an de Seminar zu Denkendorf an 1776 an de Seminar zu Maulbronn goen. 1778 immatrikuléiert hien op der Universitéit Tübingen (Matrikel-Nr.: 37 734) Theologie. 1783 nom Enn vu sengem Studium schafft hien als Vikar bei sengem Papp zu Oberensingen. Vun 1788 bis 1797 war hie Prezepter zu Nürtlingen, du Paschtouer zu Grübingen a vun 1800 un, gouf hie Professer fir Griichesch a Latäin, souwéi vun der Mathematik am Gymnasium vu Blaubeuren, a vun 1807 un zu Stuttgart. Wéinst enger Aekrankheet goung hien 1824 an d'Pensioun.

Seng Jongen hunn och d'theologesch Ausbildung matgemaach. De Julius Friedrich Wurm (1791-1839) war am Ufank Professer am Seminar zu Blaubeuren, a vun 1839 Stadpaschtouer zu Waldenbuch. De Christian Friedrich Wurm (1803-1859) hat och Theologie studéiert, ier hie seng Beruffung als Gymnasialschoulmeeschter an historesch-politesche Journalist entdeckt huet. Seng zweet Heemecht huet hien zu Hamburg fonnt. 1848 koum hien an d'Frankfurter Virparlament. 1849 gouf hie Member vun der Frankfurter Nationalversammlung.

Astronomie[änneren | Quelltext änneren]

De Johann Friedrich Wurm huet vill Publikatiounen an der vum Franz Xaver von Zach gegrënnter Fachzäitschrëft gemaach. Weider publizéiert hien "Geschicht vum neie Planéit Uranus" (Gotha 1791) a schreift „Praktesch Opklärung zu der Parallaxeberechnung“ (Tübingen 1804). Hie gouf och Partizipant vum éischten europäeschen Astronomekongress am Joer 1798 zu Gotha. Hie war och ee vun den éischten Astronomen, déi sech mat verännerleche Stäre beschäftegt hunn. Hien huet d'Period vum Algol mat 2 Deeg 20 Stonnen 48 Minutten an 58 Sekonne bestëmmt.

Seng sproochlech Ausbildung huet him den Artikel "Beiträge zur Astronomie der Araber" erméiglecht (1811).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie