Johann Ph. Holwarda

Vu Wikipedia
Johann Ph. Holwarda
Gebuer 19. Februar 1618
Holwert
Gestuerwen 22. Januar 1651
Franeker
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Astronom, Philosoph, Professer, Universitéitsprofesser

De Johannes Phocylides Holwarda, eigentlech Jan Fokkes van Holwerd, gebuer am Joer 1618 zu Holwerd (Provënz Friesland) a gestuerwen den 22. Januar 1651, war e frieseschen Astronom.

Den Holwarda huet ënner dem Adriaan Metius op der Universitéit vu Franeker studéiert an huet zanter 1639 Virliesungen iwwer Logik gehalen. 1640 gouf hien Dokter vun der Medezin, 1647 Professer fir Philosophie. Doriwwer eraus huet hien theoreetesch a praktesch Astronomie studéiert. 1638 war him d'Zeréckentdeckung vum Stär Mira gelongen, deen no senger éischter Entdeckung duerch den David Fabricius an de Vergiess gerode war. Him war et och gelongen 1639, d'Period vun den Hellegkeetsschwankunge vum verännerleche Stär op ronn 11 Méint ze bestëmmen. 1640 huet hien a senger Dissertatio astronomica d'astronomesch Tafele vum Johan Philip Lansberg ënnersicht an eng ganz Rëtsch Feeler fonnt.

Dem Holwarda zu Éiere gouf e Moundkrater Phocylides genannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Dissertatio astronomica, 1640
  • Philosophia naturalis, seu physica vetus-nova, 1651
  • Elementale logicum, 1648
  • Collegium logicum disputt. XII, 1646
  • Sciagraphica logicae, 1643

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie