John Broughton
| John Broughton | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
1952 Sydney |
| Nationalitéit | Australien |
| Aktivitéit | Astronom |
|
| |
Den John Broughton ass en australeschen Amateurastronom.
De Broughton mécht a sengem privaten Observatoire, dem Reedy-Creek-Observatoire am Queensland, an Australien, automatiséiert Duerchmusterunge vum Nuetshimmel mat CCD-Kameraen.
Dobäi huet en tëscht 1997 an 2008 méi wéi 1000 Asteroiden[1] souwéi d'Koméite P/2005 T5 (Broughton) an C/2006 OF2 (Broughton) entdeckt.
2004 huet de Broughton den äerdnoen Objet (NEO) 2004 GA1 entdeckt. Et huet sech dobäi ëm déi éischt Entdeckung vun engem massiven a fir d'Äerd potentiell geféierlechen Himmelskierper gehandelt, déi vun engem Amateurastronom gemaach gouf. Dofir gouf hien am Joer 2006 mam Edgar Wilson Award ausgezeechent.[2]
De Broughton entwéckelt och d'EDV-Programmer Scantracker a Scanalyser fir d'Berechnung vu Stärebedeckungen duerch Asteroiden.
