John le Carré

Vu Wikipedia
John le Carré
Gebuertsnumm David John Moore Cornwell
Gebuer 19. Oktober 1931
Poole
Gestuerwen 12. Dezember 2020
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Irland
Educatioun Sherborne School,
Universitéit Bern
Aktivitéit Romancier, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller, Spioun, Schrëftsteller

Den John le Carré, gebuer den 19. Oktober 1931 zu Poole, am Dorset, a gestuerwen den 12. Dezember 2020 zu Truro, am Cornwall, mam richtegen Numm David John Moore Cornwell, war en englesche Schrëftsteller.

Nodeems e fir de brittesche Geheimdéngscht geschafft hat, huet hien an den 1960er Joren ugefaangen, Spionageromaner ze schreiwen, mat deenen en international bekannt gouf. Am Ufank hate seng Romaner meeschtens de Kale Krich als Hannergrond, vill dovun dréine sech ëm d'Haaptfigur vum Geheimagent George Smiley.

Zënter den 1990er Joren thematiséieren dem Le Carré seng Thrillere méi allgemeng Theemen, wéi z. B. Magouillen tëscht der Politik an der Ekonomie.

Vill vu senge Wierker goufe verfilmt.

2016 huet hie seng Memoirë publizéiert.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1961 Call For The Dead
  • 1962 A Murder Of Quality
  • 1963 The Spy Who Came In From The Cold
  • 1965 The Looking Glass War
  • 1968 A Small Town in Germany
  • 1971 The Naive And Sentimental Lover
  • 1974 Tinker Tailor Soldier Spy.
  • 1977 The Honourable Schoolboy
  • 1979 Smiley's People
  • 1983 The Little Drummer Girl
  • 1986 A Perfect Spy
  • 1989 The Russia House
  • 1990 The Secret Pilgrim
  • 1991 The Unbearable Peace
  • 1993 The Night Manager
  • 1995 Our Game
  • 1996 The Tailor Of Panama
  • 1999 Single & Single
  • 2001 The Constant Gardener
  • 2003 Absolute Friends
  • 2006 The Mission Song
  • 2008 A Most Wanted Man
  • 2010 Our Kind of Traitor
  • 2013 A Delicate Truth
  • 2016 The Pigeon Tunnel. Stories from My Life (Memoiren)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Myron J. Aronoff: The Spy Novels of John le Carré. Balancing Ethics and Politics. St. Martin's Press, New York 1999, ISBN 0-312-21482-0.
  • Jost Hindersmann: John le Carré. Der Spion, der zum Schriftsteller wurde. NordPark, Wuppertal 2002, ISBN 3-935421-12-5.
  • Eric Homberger: John le Carré. Methuen, London 1986, ISBN 0-416-40450-2.
  • Elena Jenssen: Die Narrativik des Geheimen. Erzählplots in den Spionageromanen von John Le Carré. Libri Books on Demand, Norderstedt 2000, ISBN 3-8311-0371-2.
  • Peter Lewis: John le Carré. Ungar, New York 1985, ISBN 0-8044-2243-5.
  • David Monaghan: Smiley's Circus. Die geheime Welt des John le Carré. Heyne Verlag, München 1992, ISBN 3-453-05629-9.
  • David Monaghan: The Novels of John le Carré. The Art of Survival. Basil Blackwell, New York 1985, ISBN 0-631-14283-5.
  • Adam Sisman: John le Carre: the biography, London ; Oxford ; New York ; New Delhi ; Sydney: Bloomsbury, 2015, ISBN 978-1-4088-2793-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John le Carré – Biller, Videoen oder Audiodateien