Johny Fritz
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Johny Fritz | |
---|---|
Gebuer |
14. Dezember 1944 Uespelt |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist, Museker, Professer |
De Johny Fritz, gebuer de 14. Dezember 1944 zu Uespelt[1], ass e lëtzebuergesche Museker, Professer a Komponist.
Hien huet säi Studium um Conservatoire vun Nanzeg a vu Bréissel gemaach (Klarinett). Bis 2005 war hie Professer fir Klarinett, Blockflütt a Kammermusek um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.
Hien ass Direkter vum Musek-Ensembel fir mëttelalterlech Musek Tempus est iocundum.
De Johny Fritz huet verschidde Wierker fir Orchester, Kammermusek a Solowierker geschriwwen. Seng Kompositioune si vu ville lëtzebuergeschen an auslänneschen Ensembele gespillt ginn.
Kompositiounen[änneren | Quelltext änneren]
Orchesterwierker[änneren | Quelltext änneren]
- Concerto pour orchestre (1980-83)
- Konzertstück für Tuba
Kammermusek[änneren | Quelltext änneren]
- Drei Skizzen (1967) fir Klarinett solo
- Vier Stücke (1975/76) fir Blockflütt a Piano
- Trois pièces à la manière de... (1977) fir Blockflütt a Piano
- Quintette (1978/79) fir dräi Blockflütten an zwou Klarinetten
- Mouvement (1979/1980) fir Sträicher a Perkussioun
- Sinfonia in percussione no. 1 (1984)
Vokalmusek[änneren | Quelltext änneren]
- Trois poèmes d'amour (2000) fir Sopran, Flütt a Harf
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- ↑ (en)Luxembourg Music Publishers - Fritz Johny. musicpublishers.lu. Gekuckt de(n) 30.08.2020.