Join Experience
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Join Experience S.A. | |
---|---|
Typ | Aktiegesellschaft |
Grënnungsdatum | 22. Abrëll 2013 |
Sëtz |
11, rue de Bitbourg L-1273 Lëtzebuerg Lëtzebuerg |
Mataarbechter | 100 (2014)[1] |
() | |
() | |
Homepage | www.joinexperience.com |
Join Experience, oder kuerz Join, ass eng lëtzebuergesch Telekommunikatiounsentreprise, déi den 22. Abrëll 2013 als BLUE communications S.A. als Duechtergesellschaft vun der JOIN wireless S.A gegrënnt gouf[2] an déi dunn hiren Numm de 5. November 2013 op Join Expérience S.A[3] geännert huet.
Join Experience ass eng Joint Venture vun Join Wireless a vun der Post Lëtzebuerg. Join Wireless ass 2013 vum Pascal Koster, deen och schonn Tango a Vox Mobile (haut Orange) matgegrënnt huet, vum Claude Lüscher a vum Frank Fischer gegrënnt ginn.[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ tageblatt.lu: Wo andere jammern, will Join profitieren (30. Juli 2014)
- ↑ Mémorial C — N° 1441 vum 18. Juni 2013
- ↑ Mémorial C — N° 3175 vum 13. Dezember 2013
- ↑ qsc.de: JOIN Experience und QSC schließen Vertrag über Cloudservices (22. Abrëll 2014)