Juha Sipilä

Vu Wikipedia
Juha Sipilä
Gebuertsnumm Juha Petri Sipilä
Gebuer 25. Abrëll 1961
Nationalitéit Finnland
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun, Ingenieur

De Juha Petri Sipilä, gebuer de 25. Abrëll 1961 zu Veteli, ass e finnesche Politiker (Zentrumspartei). Hie war vum 29. Mee 2015 bis Mee 2019 Ministerpresident vu Finnland.

Hien ass Ingenieur an Entreprener a gouf bei de Parlamentswalen 2011 fir d'éischt an d'Finnescht Parlament gewielt, wouropshin hie Vize-Fraktiounspresident vun der Zentrumspartei gouf. Am Juni 2012 gouf hien zum President vu senger Partei gewielt.

No der Parlamentswal am Abrëll 2015, bei där d'Zentrumspartei déi meeschte Stëmme krut, gouf de Sipilä Formateur vun enger neier Regierung aus Zentrum, Sammlungspartei an de Stack-Finnen, déi den 29. Mee 2015 vum President Sauli Niinistö offiziell ernannt gouf.

De Sipilä ass zënter 1981 mat der Minna-Maaria Sipilä bestuet, si hu 5 Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Juha Sipilä – Biller, Videoen oder Audiodateien