Sanna Marin

Vu Wikipedia
Sanna Marin
Eurooppa-neuvosto 23.–24.3.2023 (52766857233) (cropped).jpg
Gebuertsnumm Sanna Mirella Marin
Gebuer 16. November 1985
Helsinki
Nationalitéit Finnland
Aktivitéit Politiker, Deputéierten
Famill
Bestuet mat Markus Räikkönen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Sanna Mirella Marin, gebuer de 16. November 1985 zu Helsinki, ass eng finnesch Politikerin (SDP) an zanter dem 10. Dezember 2019 Premierministesch an hirem Land.

Si gouf 2012 an 2017 an de Gemengerot vun Tampere gewielt a war vun 2013 bis 2017 Presidentin vum Gemengerot. Si war och Member vun der Assemblée vum Consdeil régional vun der Regioun Tampere.

2015 gouf si an dat finnescht Parlament gewielt (2019 erëmgewielt) a war vu Juni bis Dezember 2019 Verkéiers- a Kommunikatiounsministesch vun der Republik Finnland. Den 8. Dezember 2019 gouf si vun hirer Partei zu der Nofollgerin vum Antti Rinne designéiert, deen zeréckgetruede war.[1],[2]. D'finnescht Parlament huet hir den 10. Dezember d'Vertrauen ausgeschwat.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sanna Marin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Finnischer Ministerpräsident Rinne tritt zurück." derStandard.at 2019-12-03
  2. "34-jährige Sanna Marin soll Finnlands nächste Premierministesch werden" derStandard.at 2019-12-08.
  3. "Die jüngste Regierungschefin der Welt." tageschau.de, 10.12.2019 15:31.