Mari Kiviniemi

Vu Wikipedia
Mari Kiviniemi
Gebuertsnumm Mari Johanna Kiviniemi
Gebuer 27. September 1968
Nationalitéit Finnland
Aktivitéit Politiker

D'Mari Kiviniemi, gebuer de 27. September 1968 zu Seinäjoki, ass eng finnesch Politikerin.

D'Mari Kiviniemei ass zanter 1995 Deputéiert vun der Finnescher Zentrumspartei. Si war vun 2005 bis 2010 Ministesch fir Baussenhandel an Entwécklung a vun 2006 bis 2010 fir ëffentlech Verwaltung a Lokales. Am Juni 2010 gouf se zur Presidentin vun der Zentrumspartei gewielt.Tëscht dem 22. Juni 2010 an dem 22. Juni 2011 war si Premièrerministesch vun hirem Land, nodeem de Matti Vanhanen aus deem Amt zeréckgetruede war.[1]

Nofollger gouf de Jyrki Katainen.

Si ass Mamm vun zwee Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mari Kiviniemi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. fr-online.de: „Kiviniemi wird neue Regierungschefin“.