Károly I. vun Ungarn

Vu Wikipedia
Károly I. vun Ungarn
Gebuer 1288 jul.
Neapel
Gestuerwen 16. Juli 1342 jul.
Nationalitéit Ungarn
Aktivitéit Monarch
Famill
Bestuet mat Beatrice vu Lëtzebuerg
Mamm Klementia vun Habsburg

De Károly I., (ungar.: I. Károly), gebuer als Carobert 1288 zu Neapel a gestuerwen de 16. Juli 1342 zu Visegrád, war vun 1308 bis zu sengem Doud Kinnek vun Ungarn a Kroatien. Hie war deen eelste Bouf vum Titularkinnek Karl Martell an der Klementia vun Habsburg.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Herrschaftsgebitt vum Károly I.

Nom Ausstierwe vun den Arpaden 1301 war de Károly I. den éischte Kinnek aus der Dynastie Anjou um ongreschen Troun. Den Adel vun do hat ufanks de Wenzel III. vu Béimen op den Troun gehuewen, no dem sengen Doud 1305 ass et dem Károly gelongen, Zoustëmmung ze kréien, sou dass e sech bis 1308 géint säi Géigepretendent Otto III. vu Bayern duerchsetze konnt.

Och de Jang de Blannen, deen 1311 Kinnek vu Béime gi war, huet en Usproch op den ungareschen an op de polneschen Troun gestallt, well seng Sëschter Beatrix dem Károly seng zweet Fra gi war, ma schonns 1319 gestuerwen ass. Doropshin huet de Károly eng Allianz mam polnesche Kinnek Władysław I. geschloss an 1320 deem seng Duechter Elżbieta bestuet.

An den 1320er ass hie géint eng Rëtsch ungaresch "Klengkinnekräicher" an de Krich gezunn, déi sech an de Jore virdru forméiert haten, an huet d'Zentralmuecht nees nei opgestallt. 1326 huet hien den Ritteruerden vum Hellege Georges gestëft, fir domat den Adel besser u sech ze bannen. 1330 huet hien d'Schluecht bei Posada géint d'Walachen verler a koum knapps mam Liewen dovun.

1333 huet hie säi Jong Andras mat der Ierwin vum Kinnekräich Neapel, der Jeanne, bestuet. 1339 huet de Kasimir III. (Kazimierz III Wielki, "de Groussen" de Károly a säi Bouf Lajos (Louis) als Ierwe vun der polnescher Kroun agesat.

De Károly I. huet duerch den Ausbau vum Biergbau d'wirtschaftlech Situatioun an Ungarn verbessert. 1325 huet en deen éischten ungaresche Goldgulde klappe gelooss.

Fraen a Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Fiktive Portrait op engem Billjee vun 200 Forint, 1998.
Säi Wopen

De Károly I. war dräimol bestuet:

Fir d'éischt mat der Maria († 1317), Duechter vum Herzog Kasimir II.vun Oppeln-Beuthen Si kruten zwou Duechteren:

  • Katharina († 1355)
  • Erzsébet († 1367)

No hirem Doud huet hie sech mat der Beatrix vu Lëtzebuerg bestuet, der Duechter vum däitsche Keeser Heinrich VII. Si ass no der Gebuert vun hirem éischte Kand, dat och net iwwerlieft huet, 1319 gestuerwen.

1320 huet hie sech du mat der Elisabeth vu Polen (Elżbieta Łokietkówna, † 1380) bestuet, der Duechter vum polnesche Kinnek Władysław I. (Władysław I Łokietek). Ënnert hire Kanner waren:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • László Solymosi: Karl I., König von Ungarn. In: Biographisches Lexikon zur Geschichte Südosteuropas. Band 2. München 1976, S. 371–373

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles I of Hungary – Biller, Videoen oder Audiodateien