Schlass Kéideng

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kéidenger Schlass)
Schlass Kéideng
D'Schlass zu Kéideng
Land Lëtzebuerg
Plaz Kéideng
Koordinaten 49° 43’ 59.9’’ N
      06° 12’ 29.8’’ O
Statut Wunneng
Datum vum Bau 1812 oder virdrun
D'Wirtschaftsgebai vum Schlass

D'Schlass vu Kéideng ass en Haus, dat südlech vu Kéideng, an der Gemeng Fëschbech, am Dall vun der Wäisser Iernz, laanscht den CR119 steet.

Zum 'Schlass' gehéiert och e virgelagert fréiert Wirtschaftsgebai, duerch dat eng Paart bei d'Schlass féiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai huet dräi Stäck a gouf spéitstens 1812 vum Schmelzhär Charles Joseph Collart baue gelooss. Hien hat kuerz virdrun d'Fëschbecher Schlass an d'Schmelz, déi dozou gehéiert huet, kaaft. D'Gebai gläicht dem Schengener Schlass, dat dem Collart säi Jong Jean Nicolas 1812 opriichte gelooss hat. Et war als Verwaltungsgebai vun der Schmelz geduecht.

1836 gouf d'Schlass un den Auguste Garner verkaaft, nodeems säi Proprietär, den Enkel vum Charles Joseph Collart, deen och Charles Joseph Collart housch, verschëlt gestuerwe war. Vun 1847 bis 1854 huet et dem Louis-René de Berthier vum Schlass La Grange gehéiert (un deen haut nach eng Tak am Haus erënnert). Vun 1863 un huet et der Famill von Arenberg gehéiert, déi et verpacht huet. Ufanks vum 20. Joerhonnert waren de Léon Bernard-Servais an dono den Eduard Wolff-Majerus Proprietären.[1]

Den 30. August 2021 gouf d'Schlass als nationaalt Monument ze klasséiert.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Ministère de la Culture, Service des Sites et Monuments: Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Kanton Mersch, Gemeinde Fischbach. Luxemburg 2018, S.146 ss.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).