Kapell Éischt

Vu Wikipedia
Kapell vun Éischt

Uertschaft / Plaz Éischt
Par Par Rammerech
Saint-Valentin
Dekanat Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Remakel
Koordinaten 49° 49’ 22.9’’ N
      05° 53’ 13.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell vun Éischt ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Rammerech Saint-Valentin, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Remakel, deem säi Fest den 3. September gefeiert gëtt.

D'Kapell steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (rue Principale), dem CR308A, mat der rue du Château.

Zur fréierer Par Folscht gehéieren och nach d'Kierch vu Folscht an d'Filialkierch vun Hueschtert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis zur Grënnung vun der Par Folscht huet d'Kapell zu der grousser Par Osper gehéiert.

D'Schrëftstécker soen näischt iwwer d'Origine vun der Kapell. De massive Klackentuerm däerft awer op d'mannst op d'15. Joerhonnert zeréckgoen.

1516 gouf et en Accord tëscht den Duerfleit an dem Osper Paschtouer Clais all Woch eng Mass an der Kapell zu Éiere vun den hellege Remakel a Quirinus liesen ze loossen.

Kapell vu bannen[änneren | Quelltext änneren]

An der Entrée vun der Kapell steet de Grafstee vum Nicolas Ungeschick († 1658), dee Kavallerieskapitän war a sech als Riichter ëm d'Lännerei vun den Häre vun Useldeng gekëmmert huet.

Um Altor stinn eng Rei al a wäertvoll Skulpturen: Eng Statu vun der Muttergottes a vun den hellege Remakel a Quirinus.

Fotogalerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Éischt – Biller, Videoen oder Audiodateien