Kapell Aansebuerg

Vu Wikipedia
Kapell vun Aansebuerg
D'Kapell 2013
D'Kapell 2013
Uertschaft / Plaz Aansebuerg
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Tréischterin am Leed
Baujoer 1671
Koordinaten 49° 42’ 08.4’’ N
      06° 02’ 24.8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell vun Aansebuerg ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Helperknapp gehéiert.

Se ass der Tréischterin am Leed geweit.

D'Kapell steet am ëstlechen Agank vun Aansebuerg direkt nieft der Strooss, dem CR105. Nieft der Kapell leeft d'Holertsbaach laanscht.

Zur fréierer Par Tënten hunn ausser der Kapell vun Aansebuerg och nach d'Parkierch vun Tënten, d'Filialkierch vun Huelmes an d'Kapell zu Buer gebéiert.

Iwwer der Aganksdier vun der Kapell ass um Schlosssteen als Baudatum d'Joer 1671 uginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Aansebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Kapelle Ansembourg 02.jpg