Bilschdrëffer Haupeschkapell

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kapell Bilschdref)
Kapell vu Bilschdref
Kapell vu Bilschdref (2015)

Kapell vu Bilschdref (2015)
Kapell vu Bilschdref (2015)
Uertschaft / Plaz Bilschdref
Par Ueschdref
Dekanat Osper
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Baujoer 1701
Koordinaten 49° 51’ 25.8’’ N
      05° 49’ 25.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Bilschdref ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Ueschdref, zum Parverband Rammerech, zu der Pastoralregioun Zentrum, zum Dekanat Osper an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.

De Patréiner ass den hellegen Haupert (Hubertus), deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vun der rue Abbé Neuens mat dem Neimillewee.

Zur fréierer Par Ueschdref gehéiert ausser der Kapell vu Bilschdref och nach d'Parkierch vun Ueschdref.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Viru 1701 gouf et zu Bilschdref eng Kapell déi der helleger Margréit geweit war. No engem Visitatiounsrapport vu 1570 gouf an där Kapell all Woch eng Mass vum Ueschdrëffer Paschtouer gehalen.

Bei enger Visitatioun vum 27. November 1628, huet d'Kommissioun vum Dekanat Miersch festgehalen, datt de Peter Estgen, an den Hans Clausz junior, zimmlech dacks géifen d'Sondesmass schwänzen, an doduerch e schlechte Ruff am Duerf hätten.

D'Kapell gouf am Joer 1701 vun de Bilschdrëffer Leit an Eegeregie opgeriicht. Et ass eng relativ grouss Kapell am romanesche Stil.

Den Tuerm gouf eréischt am 19. Joerhonnert gebaut, an déi zwou Klacken, déi 1920 installéiert goufe, waren e Kaddo vum Paschtouer an Naturheeler Nicolas Neuens dee vu Bilschdref gebierteg war.

An der Kapell ass ee vun de wéinege Fligelaltär vum Land erhalen. E staamt aus der Zäit ëm 1600 an huet eng typesch Renaissance-Ornamentik.

Paschtéier vu Bilschdref[änneren | Quelltext änneren]

Bis Enn 1998 gouf nach all Woch eng Mass an der Kapell gehalen, an zanter dem Zweete Weltkrich ware follgend Ueschdrëffer Paschtéier responsabel fir d'Kapell:

  • Mathias Thiery vun Nidderdonwen (22.09.1940 - 29.08.1957)
  • Nik Heinen vun Ëlwen (20.10.1957 - 10.08.1961)
  • Aloyse Mossong vu Branebuerg (10.09.1961 - 26.08.1968)
  • Jean Hink vun Esch-Sauer (20.09.1968 - 31.12.1998)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bilschdrëffer Haupeschkapell – Biller, Videoen oder Audiodateien