Kierch Ueschdref

Vu Wikipedia
Kierch vun Ueschdref
Kierch vun Ueschdref (2015)

Kierch vun Ueschdref (2015)
Kierch vun Ueschdref (2015)
Uertschaft / Plaz Ueschdref
Par Rammerech
Saint-Valentin
Numm / Patréiner Hl. Maximäin
Konsekratioun 1907
Architekt(en) J.P. Koenig
Baujoer 1907
Koordinaten 49° 51’ 40.4’’ N
      05° 50’ 33.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Ueschdref ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Rammerech Saint-Valentin an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Maximäin, deem säi Fest den 29. Mee gefeiert gëtt. Als Niewepatréinesch figuréiert d'helleg Barbara.

Se steet op der Kräizung vun der rue du Lac, dem CR309, mat der rue du Cimetière.

Zur fréierer Par Ueschdref gehéiert ausser der Parkierch vun Ueschdref och nach d'Haupeschkapell vu Bilschdref.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Op Bedreiwe vum deemolege Paschtouer François de Waha gouf 1906 déi al Kierch zu Ueschdref, déi nieft dem Kierfecht op där Plaz stoung wou haut d'Paschtoueschhaus steet, ofgerappt a mam Bau vun enger neier Parkierch ugefaangen. D'Pläng ware vum lëtzebuergeschen Architekt Jean-Pierre Koenig an d'Bauaarbechte goufe vun der Entreprise Wathgen vun Harel ausgeféiert.[1]

Warscheinlech gouf en Deel vun de Steng vun der aler Kierch mat verbaut an och d'Nisch vum Sakrament (mat der Joreszuel 1501 an der Opschrëft Amor vincit ōīā [=omnia]) konnt als Ornament am Chouer vun der neier Kierch agebaut ginn.

D'Kierch konnt du schonn de 5. Oktober 1907 vum Bëschof Koppes geweit ginn.

D'Dekoratioun vun de Bannewänn gouf 1942, am Zweete Weltkrich, vum Elvenger Kierchemoler Nicolas Brücher ausgeféiert. Awer schonn 1973 war een der Meenung, datt nom Zweete Vatikanesche Konzil déi Molerei net méi zäitgeméiss wier, soudatt se kuerzer Hand zum gréissten Deel iwwermoolt gouf.

2006 dunn, fir den honnertjärege Jubiläum vun der Kierch, gouf d'"Billerstiermerei" nees réckgängeg gemaach. De Bilschdrëffer Konschtmoler Robert Klein huet dem Brücher seng Freskemolerei nees fräigeluecht a restauréiert, soudatt se nees an alem Glanz erstraalt.

2007 krut déi komplett renovéiert Kierch nach nei Bannen- a Bausseluuchten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Ueschdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eng Notiz am Regëster vum Kiercherot aus dem Joer 1903 verdäitlecht, wéi schwéier de Wee bis zum Neibau war: Angesehen aber, dass die Herren Gemeinderatsmitglieder in ausserordentlicher Versammlung im Laufe des Jahres dem Hochwürdigen Herrn Bischof einstimmig versprochen haben, unser altes, viel zu kleines und wegen der seit 30 Jahren schwebenden Baufrage total vernachlässigtes Kirchlein in Bälde mit Vergrösserung restaurieren zu wollen und zwar an der alten Baustelle. De Kiercherot fuerdert doropshin, dass die Kirchenbaufrage auf die Tagesordnung des Rates gestellt werde und im versprochenen Sinne ein Beschluss gefasst werde. Dës Kierchebaufro gouf net mat enger Renovation, mä mat engem vollstännegen Neibau op enger méi gënschteger Plaz beäntwert.