Kapell Ierpeldeng (Wolz)
Ausgesinn
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vun Ierpeldeng (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Ierpeldeng | |||
Par | Wooltz Saints-Pierre-et-Paul | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Eligius | |||
Koordinaten | 49° 58’ 39.1’’ N 05° 56’ 52.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kapell zu Ierpeldeng bei Wolz ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wolz gehéiert.
De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Eligius, deem säi Fest den 1. Dezember gefeiert gëtt.
Se steet zentral an der Uertschaft op der Strooss Um Knupp, dem CR325.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell vun der Par Nidderwolz, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet.
Zur Par Nidderwolz huet ausser der Kapell vun Ierpeldeng och nach d'Parkierch vun Nidderwolz an d'Filialkierch vu Wanseler gehéiert.
D'Fënsteren
[änneren | Quelltext änneren]D'Fënstere si vum lëtzebuergesche Glaskënschtler Robert Emeringer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kapell Ierpeldeng (Wolz) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul
- D'Fënstere vun der Kapell vun Ierpeldeng op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kapell vu Südweste gesinn
-
D'Kapell vun Nordweste gesinn
-
Massiven Holzglobus-Altor