Karl Christian Bruhns

Vu Wikipedia
Karl Christian Bruhns
Gebuer 22. November 1830
Plön
Gestuerwen 25. Juli 1881
Leipzig
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Biograph
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Sächsesch Akademie vun de Wëssenschaften

De Karl Christian Bruhns, gebuer den 22. November 1830 zu Plön, a gestuerwen de 25. Juli 1881 zu Leipzig war en däitschen Astronom an huet och als Geodet geschafft.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Bruhns hat am Ufank Mathematik an Astronomie studéiert a gouf da vun 1851 un an engem Mechaniksatelier zu Berlin beschäftegt. Do konnt hien duerch seng Leeschtung d'Vertraue vum Johann Franz Encke kréien, deen zu där Zäit Direkter vum Berliner Observatoire war. Den Encke huet hien am Joer 1852 als zweeten Assistent agestallt. 1854 gouf hien dann éischten Assistent. 1856 promovéiert de Bruhns mat der Schrëft De planetis minoribus inter Martem et Jovem circa Solem versantibus (Iwwer d'Klengplanéiten, déi sech tëscht Mars a Jupiter ëm d'Sonn dréien) (Berlin 1856) an habilitéiert sech 1859 op der Universitéit Berlin. 1860 gouf de Bruhns Professer vun der Astronomie an Direkter vum Observatoire Leipzig. No senge Pläng gouf an de Joren 1860/61 en neien Observatoire am Johannistal gebaut an deen alen Observatoire op der Pleißenburg zougemaach. De Bruhns huet gutt Aarbechte geleescht, besonnesch um Gebitt vun der Bunnberechnung vu Koméiten, vun deenen hien der en ettlech entdeckt hat. 1867 gouf hien zum Member vun der Geléiertenakademie Leopoldina gewielt.

Wéi de Johann Jacob Baeyer mat der mëtteleuropäescher Gradmiessung beoptragt gouf, hat de Bruhns déi astro-geodetesch Aarbechten a Sachsen iwwerholl. Iwwer laang Zäit war de Bruhns och Chef vum preisesche geodeteschen Institut an hat tëscht 1865 an 1874 vill Publikatiounen erausginn.


Um Gebitt vun der Meteorologie hat sech de Bruhns duerch d'Opriichte vun engem dichte Netz vu Wiederstatiounen a Sachsen och en Numm gemaach.

1857 krut de Bruhns de Lalande-Präis

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wikisource: Karl Christian Bruhns – Quellentexter