Kata Tjuta

Vu Wikipedia
Kata Tjuta

Kata Tjuta, och Olgas genannt, läit am Uluru-Kata Tjuta Nationalpark, am Northern Territory vun Australien.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Kata Tjuta ass eng 35 km² grouss Fielsformatioun. Si läit ronn 450 km südwestlech vun Alice Springs an 40 km westlech vum bekannten Ayers Rock. De Mount Olga ass mat 546 m den héchste vun deene 36 Käpp. E läit 1065 Meter iwwer dem Mieresspigel.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

Déi 36 Fielse sinn 500 Millioune Joer al. Si bestinn aus engem Konglomeratgesteen aus décken, ronnen, meescht kristallege Bestanddeeler a flache Gesteensschichten. Dës Steng si fauschtdéck a mat graffem Sand verbonnen. Et ass en ëmgekippte Steebierg deen duerch d'Äerdbeweegungen un d'Uewerfläsch komm sinn. En ass méi laang wéi den Uluru un der Äerdouwerfläch, dofir ass en duerch d'Erosioun scho méi ugegraff.

Bedeitung a Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kata Tjuta stiechen eraus wéi Käpp, dohier och den Numm Kata Tjuta (Vill Käpp). Si an den Uluru hunn eng grouss Bedeitung fir d'Anangu, déi traditionell Besëtzer vum Nationalpark. Laut archeologeschen Aussoe soll dëst Gebitt schonn zanter 22.000 Joer vun den Anangu bewunnt sinn. Wärend 100 Joer goufen déi zwou Fielsformatiounen Olgas (Kata Tjuta) an Ayers Rock (Uluru) genannt. De 26. Oktober 1985 hunn d'Aboriginies dunn hiert d'Land erëm kritt, a vun do un sinn déi offiziell Nimm erëm Kata Tjuta an Uluru, wéi scho Joerdausende virdrun.

Kuckeswärtes[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Olga Gorge oder Valley of the Winds kann ee schéi Wanderungen duerch d'Schluchten an déi kleng d'Däller vum Kata Tjuta machen, wou een eng subtropesch Vegetatioun bewonnere kann a schéin Aussiichtspunkten op déi faszinéierend Landschaft huet.

E fantastesch Naturerliefnes ass all Dag bei Sonnenopgang a Sonnenënnergang ze bewonneren. D'Fielse weise sech duerch de Lichtafall op dës Eisenoxydverbindung an deene verschiddenste Routtéin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kata Tjuta – Biller, Videoen oder Audiodateien