Kathoulesch Universitéit Fu Jen

Vu Wikipedia
Kathoulesch Universitéit Fu Jen
Land Taiwan
Schülerzuel 26.436
  2022
Gegrënnt 1925
Um Spaweck http://www.fju.edu.tw/
Vue op de Campus vun der Universitéit

D'Kathoulesch Universitéit Fu Jen (chi.: 輔仁大學, Fǔrén Dàxué) vun Nei Taipeh ass eng taiwanesch Privatuniversitéit, déi vun der kathoulescher Kierch gedroe gëtt. Si ass 1925 op Wonsch vum Poopst Pius XI. zu Peking gegrënnt an 1961 op Taiwan nei etabléiert ginn.

An der chineeseschsproocheger Welt ass Fu Jen déi eelst kathoulesch a Jesuitten-affiliéiert Universitéit. Si ass besonnesch bekannt fir hir enk Verbindung mat der réimescher Kurie.

D'Universitéit ëmfaasst 11 Fakultéiten a gehéiert zum Internationale Verband vu kathoulesche Universitéiten (International Federation of Catholic Universities oder IFCU).

2017 ware bei der Universitéit Fu Jen ëm déi 26.000 Studenten ageschriwwen, dovun 2.000 Auslänner.[1]

De Campus[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kathoulesch Universitéit Fu Jen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Presentatioun vun der Uni op www.studyintaiwan.org (gekuckt de 17. Oktober2017)