Keeseminnen Terres Rouges

Vu Wikipedia
Keeseminnen Terres Rouges
(Mee 2020)
Koordinaten 49° 29’ 13.6’’ N 5° 58’ 24.4’’ E
Baustil Industriearchitektur
Architekt(en) Firma Züblin
Statut ofgerappt 2020.
Datum vum Bau 1907
Proprietär fir d'Lescht: ICO
virdrun:ArcelorMittal

D'Keeseminne vun der fréierer Schmelz op Terres Rouges sinn en Industriegebai zu Esch-Uelzecht, am Quartier Grenz, an deem an Äerzbunkere Minette gelagert gouf, fir vun do bei d'Héichiewe vun Terres Rouges a spéider och vu Belval weidertransportéiert ze ginn.

Dodra gouf d'Eisenäerz, dat vun alle Minett-Exploitatioune vun der Oochener, respektiv Gelsenkirchener vun de Minettbassenge vun Esch-Rëmeleng an Däitsch-Oth koum (Minière Heintzebierg, Minière Eisekaul-Holzebierg-Prënz Henri, Komplex Rothe Erde Saint-Michel zu Däitsch-Oth)[1].

Si goufen 1907 gebaut, wéi op der spéider sougenannter Terres Rouges en neie méi performanten Héichuewe nom amerikaneschen Typ Cleveland, den Héichuewen Nr. V, opgeriicht gouf, an déi al caisses à mine, déi d'Lëtzebuerger Keeseminnen an d'Italiener cassemine genannt hunn, einfach Holzbude mat engem Wellblechdaach, duerch e massiivt Lagerhaus aus arméiertem Bëtong ersat goufen. Dës nei 'Keeseminnen' hunn et erlaabt, genuch Reserven ze hunn, fir eng kontinuéierlech Alimentatioun vun den Héichiewen ze maachen, och wann et mol nees zu engem Streik an de Grouwe koum[2].

Bauhär war déi Schwäizer Firma Züblin, déi sech 1898 zu Stroossbuerg installéiert hat.

D'Keeseminne gi verschiddentlech als eng Landmaark vum Grenzer Quartier ugesinn. Den urbanistesche Projet Rout Lëns, fir d'Areal wou d'Keeseminne stinn, nei ze bebauen, gesäit den Erhalt vun e puer Indutriegebaier vir, ma net vun de Keeseminnen. Enn Abrëll 2020 gouf ugefaangen, s'ofzerappen, wat zu enger Protestaktioun vun der CNCI gefouert huet. D'Stad Esch an den Institut national pour le patrimoine architectural sinn der Meenung, d'Gebai wier net onbedéngt erhalenswäert. Just stole Puttere vun de Keeseminne sollen am Projet, op enger anerer Plaz, nees opgeriicht ginn.[3]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Keeseminnen Terres-Rouges – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luciano Pagliarini an Heng Clemens: "D'Keeseminnen - En eenzegaartegt Industriemonument." 100komma7.lu, 08. Mäerz 2020 - 10:00.
  2. Jeff Maas: "Esch Terre Rouge." 100komma7.lu, 1. Mäerz 2020 - 15:00.
  3. "Esch: Bürger wehren sich gegen Abriss der Keeseminnen." wort.lu, 1. Mee 2020.