Diskussioun:Keeseminnen Terres Rouges

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien.

De Lemnma ass Keesseminnen; am Artikel geet Rieds vu Keeseminnen.

An ass et Terre Rouge oder vläicht Terres Rouges? (Et gëtt méi Artikelen wou en <s> drun ass). GilPe (Diskussioun) 20:45, 1. Mee 2020 (UTC)[äntweren]

D'Schmelz huet nom 2. Weltkrich eng Zäit laang Société Métallurgique des Terres Rouges geheescht.
Fir sou no wéi wéiglech um Originalnumm (Caisse mine) ze bleiwen géif ech et de Lemma Kessminnen nennen. --Les Meloures (Diskussioun) 07:36, 2. Mee 2020 (UTC)[äntweren]
Moien, an de Quellen, déi ech benotzt hunn, ass vu "Keeseminne" rieds, dofir sollte mer vläit dëst och als Lemma benotzen. Wat "Terre Rouge" mat oder ouni S betrëfft, sou gëtt et déi zwéin. Am beschte sollt fir d'éischt an engem Artikel iwwer déi Schmelz gekläert ginn, da kënne mer kucken, wat hei besser wier. --Zinneke (Diskussioun) 08:37, 2. Mee 2020 (UTC)[äntweren]
PS: Wann een d'Geleeënheet hätt, eng Foto (oder e puer Fotoe) vu baussen ze maachen, mat deem ganzen Déngen drop, ier näischt méi do ass, dat wier flott. --Zinneke (Diskussioun) 08:53, 2. Mee 2020 (UTC)[äntweren]
Op hiren Aktie stoung op jiddwerfall Société Métallurgique des Terres Rouges. Och déi franéisch Minièresgesellschaft vun Däitsch-Oth gouf Terres Rouges geschriwwen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:59, 2. Mee 2020 (UTC)[äntweren]


Remoien, wéi ech gesinn gouf den Ausdrock bis lo nëmme vu Journaliste gebraucht. Ob dat déi bescht Referenze fir en Numm an enger Enzyklopedie sinn sief mol dohigestallt. Ech hunn dofir mol e Redirekt Minettssiloe vun Terres Rouges ugeluecht well dat deem entsprécht wat et war. --Les Meloures (Diskussioun) 10:29, 2. Mee 2020 (UTC)[äntweren]
"Minettsiloe" beschreift déi Saach sécherlech grad sou gutt (als geneeresche Begrëff fir sou eng Zort Gebai), ma wann de Begrëff "Keeseminnen" doruechter geeschtert, a vun net nëmme Journalisten, mee och Historiker a Spezialiste vun Industriegeschicht wéi Scuto oder Pagliarini gebraucht gëtt, sou léisst dat dach drop schléissen, datt op d'mannst dës Siloen hei alssollech bekannt sinn, a wuel vun den Aarbechter do sou genannt goufen. --Zinneke (Diskussioun) 16:16, 2. Mee 2020 (UTC)[äntweren]