Kepler-186f

Vu Wikipedia
Den Exoplanéit Kepler-186f am Verglach zu der Äerd

De Kepler-186f ass en Exoplanéit a läit ronn 490 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Hie gouf am Joer 2012 entdeckt.[1],[2],[3] Hie kreest ëm de rouden Zwerg Kepler-186 (Spektralklass M) am Stärebild Cygnus op enger Distanz vun 52,4 Millioune Kilometer. Seng Ëmlafbunn läit an der habitabeler Zon.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Exoplanéit gouf mat Hëllef vum Kepler-Weltraumteleskop entdeckt. Dësen Teleskop zeechent Hellegkeetsschwankungen op, déi optriede wann e Planéit vun der Ärd aus gesinn genee viru sengem Zentralstär laanschtzitt (Transit). Seng Entdeckung hat groussen Interessi bei der Fachwelt ausgeléist, well et den éischte bekannten äerdänlechen Exoplanéit ass, deen an enger habitabeler Zon läit.

Observatiounsdonnéeë vun den Observatoire Keck a Gemini hunn d'Entdeckung konfirméiert.[4]

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den Exoplanéit huet mat engem Radius vun 1,11±0,14 Äerdradien ongeféier d'Gréisst vun der Äerd.[5] Domat as et méiglech, datt et sech ëm en äerdänleche Planéit handelt, an net ëm e Gasplanéit. De Kepler-186f kreest ëm säi Stär op enger Distanz vun 52,4 Millioune Kilometer a brauch fir en Ëmlaf 130 Äerddeeg. Obwuel säin Ofstand zu sengem Stär däitlech méi kleng ass wéi deejeenege vun der Äerd zu der Sonn, empfänkt hien awer manner Energie a läit warscheinlech um baussenzege Rand vun der habitabler Zon vu Kepler 186.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kepler-186f – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. nasa.gov: NASA's Kepler Discovers First Earth-Size Planet In The 'Habitable Zone' of Another Star Gearchiveerd op 2014-04-17. Gekuckt de(n) 2014-04-21.
  2. space.com: Found! First Earth-Size Planet That Could Support Life
  3. Spiegel.de: Exoplanet Kepler-186f: Erdzwilling in lebensfreundlicher Zone entdeckt
  4. First Potentially Habitable Earth-Sized Planet Confirmed by Keck and Gemini Observatories keckobservatory.org, abgerufen am 18. April 2014
  5. Elisa V. Quintana, Thomas Barclay, Jason F. Rowe [u.a.]: An Earth-Sized Planet in the Habitable Zone of a Cool Star. Science 18 April 2014: Vol. 344 no. 6181 S. 277-280. DOI: 10.1126/science.1249403