Kepler-62
| Kepler 62 | |
mam Kepler-62 am Hannergrond | |
| Stärebild: | Lyra (Lyr) |
| Daten (Equinoxe J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 18h 52m 51.060s |
| Deklinatioun | + 45° 20' 59.50" |
| Visuell Magnitude | + 13,8 mag |
| Spektralklass: | K2V |
| Astrometrie | |
| Distanz | zirka 1200 Lj. |
| Absolut Hellegkeet | - 0,15 mag |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Mass: | 0,69 ± 0,02 |
| Radius: | 0,64 ± 0,02 |
| Uewerflächentemperatur: | 4925 ± 70 |
| Metallizitéit: | -0,37 ± 0,04 |
| Alter: | 7±4 Mrd. |
| Aner Bezeechnungen | |
| 2MASS: | J18525105+4520595 |
| KIC: | 9002278 |
| KOI: | 701 |
De Kepler-62 ass e Stär mat der Spektralklass K2V am Stärebild Lyra. E steet 1200 Liichtjoer vun eis ewech an ass eppes méi kal wéi eis Sonn. Hie gëtt vun op d'mannst fënnef Exoplanéiten ëmkreest.
Planéitesystem
[änneren | Quelltext änneren]Den 18. Abrëll 2013 gouf vu Fuerscher vum Kepler-Weltraumteleskop bekannt, datt de Stär fënnef Planéiten huet. Si goufen all mat der Transitmethod entdeckt: Vun der Äerd aus gesinn zéien d'Planéiten eemol pro Ëmlaf virun hirem Stär laanscht. Dëst féiert zu engem Hellegkeetsënnerscheed, dee vum Kepler-Teleskop gemooss gëtt. D'Planéitemasse konnte bis elo nach net gemooss ginn, dofir sinn nëmme ganz grouss iewescht Grenze bekannt.
Déi béid baussenzeg Planéiten, Kepler-62e a Kepler-62f, kéinten äerdänlech sinn a Gestengs wéi och flëssegt Waasser op hirer Uewerfläch hunn.

| Planéit | Mass (an Äerdmassen) |
Radius (an Äerdradien) |
Dicht (g/cm3) |
Ëmlaf zäit (Deeg) |
Grouss Hallefachs (AE) |
Bunnschréi (Grad) |
|---|---|---|---|---|---|---|
| b | <9 | 1,31 ± 0,04 | ? | 5,71493 | 0,0553 | 89,2 ± 0,4 |
| c | <4 | 0,54 ± 0,03 | ? | 12,4417 | 0,0929 | 89,7 ± 0,2 |
| d | <14 | 1,95 ± 0,07 | ? | 18,16406 | 0,120 | 89.7 ± 0,3 |
| e | <36 | 1,61 ± 0,05 | ? | 122,3874 | 0,427 | 89,98 ± 0,02 |
| f | <35 | 1,41 ± 0,07 | ? | 267,291 | 0,718 | 89.90 ± 0,03 |
