Ketty Maus



D'Ketty Maus, "gebuer" den 20. Juni 1978 an der Stad Lëtzebuerg, respektiv den 1. Juni 1991 zu Utopia, ass eng fiktiv Fra, déi op de Mustere vun där éischter an drëtter Serie vu lëtzebuergesche biometresche Päss ze gesi war, déi tëscht 2006 an 2015, respektiv vun 2026 un, erauskoumen. Deen Numm ass inspiréiert vun der Haaptfigur am Auguste Liesch senger Geschicht D'Maus Ketti aus dem Joer 1936.
D'Serie vun deene vun 2015 bis 2025 gouf mat engem Musterpass, mat drop der Vanessa Spécimen, gebuer den 9. Mäerz 1993 zu "Utopia",[1] virgestallt.
Bei der drëtter Serie huet d'"Ketty Maus" nees de Relais iwwerholl, wann och mat neiem Gesiicht, Gebuertsdatum an neier Gebuertsplaz.[2]
Déi zwou Dammen entspriechen hirer däitscher Kolleegin "Erika Mustermann". Den Numm Ketty Maus (vu Catherine Maus) gëtt et allerdéngs zu Lëtzebuerg a soss doruechter an der Welt och an der Realitéit.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Ketty Maus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Nei Päss vum 16. Februar un." rtl.lu, leschten Update: 30.01.2015, 16:14:54.
- ↑ Diana Hoffmann: "Vu Mëtt Mee u kënnt den neie Lëtzebuerger Pass". rtl.lu, 20.03.2026.