Key West

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Flag USA template.svg Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Key West
The Conch Republic
Southernmost City In The Continental United States
Panorama of a Key West beach in Florida.jpg
Flag of Key West, Florida.svg
Fändel
Seal of Key West, Florida.png
Sigel
Land USA
Bundesstaat Florida
Fläch 18,759855 km²
Awunner 22.682
Héicht 1 Meter
Buergermeeschter Teri Johnston (19 November 2018)
Koordinaten 24°33'35"N, 81°47'1"W

Key West ass eng Stad am Monroe County am Bundesstaat Florida. D'Stad Key West ass op der Insel mam selwechten Numm, déi zu der Inselgrupp vun de Florida Keys gehéiert.

De südlechste Punkt vum US-amerikanesche Festland

Op 15 km² hunn am Joer 2000 24.000 Awunner gelieft. Well Key West duerch vill Brécke mam Festland verbonnen ass, gëtt Key West als südlechst Stad vun den USA an hire südlechsten Deel als südlechste Punkt vum US-amerikanesche Festland ugekuckt.
Do ass dann och en Aussiichtspunkt, deen nëmmen 90 Meilen (146 km) vu Cuba ewech läit.

Den U.S. Highway 1[änneren | Quelltext änneren]

Key West ass dee südlechen Terminus vum U.S. Highway 1, och "U.S. Route 1" genannt, dee vu Fort Kent am US-Bundesstaat Maine erfort kënnt. En huet eng Längt vun 3.846 Kilometer.

Lag vu Key West a Florida[änneren | Quelltext änneren]

Een Highway, a Form vun enger langer Küstestrooss mat héije Brécken, féiert vu Miami iwwer déi laanggezunne Kette vun Inselen (Florida Keys) op Key West.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Key West
  • Ernest Hemingway - Musée, De bekannten amerikanesche Schrëftsteller huet nämlech laang zu Key West gelieft an och do eng Rei vu senge Bicher geschriwwen. Säin Haus, haut e Musée, kann do vun jiddwerengem besicht ginn. Zu Key West gëtt den Ernest Hemingway veréiert wéi en Hellegen.
  • Schéi Plagen a Stränn mat Dauch- a Schnorchelméigleckkeeten an engem Mier, dat duerch seng schéi Korallebänke bekannt ass.
  • Mat engem Touristenzichelche kann een Stad besichen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Key West, Florida – Biller, Videoen oder Audiodateien