Kierch Biebereg
| ||||
|---|---|---|---|---|
Parkierch vu Biebereg (2013) | ||||
| Uertschaft / Plaz | Biebereg | |||
| Par | Atertdall Sainte-Claire | |||
| Numm / Patréiner | Hl. Rochus | |||
| Koordinaten | 49° 47’ 44.9’’ N 05° 56’ 23.3’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||
D'Kierch vu Biebereg ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Préizerdaul gehéiert.
D'Kierch steet an der Kierchestrooss (rue de l'Église) hanner der Schoul.
Den 10. Oktober 2023 gouf proposéiert, s'als nationalen architektonesche Patrimoine ze klasséieren[1]; se krut de Status den 29. Januar 2024.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1802 gouf zu Biebereg en neit Kaplounshaus gebaut an et ass eng eegestänneg Par ginn.[2] Virdrun huet et zur Par Osper gehéiert.
An de Joren 1828 an 1860 ass d'Kierch vergréissert ginn. 1884 gouf de Chouer ugebaut an den alen Deel vun der Kierch restauréiert. Déi vergréissert Kierch gouf 1888 konsekréiert.
1892 goufen op béide Säite vum Kierchtuerm kleng Tierm ugebaut. An deem Joer goufen och zwou nei Klacken ugeschaaft.
Uergelen
[änneren | Quelltext änneren]An der Kierch stinn zwou Uergelen: eng déi 1969 vum Eduard Sebald an eng aner déi 1990 vum Georg Westenfelder gebaut gouf.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergelen an der Kierch vu Biebereg.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kierch Biebereg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Groussbus, Osper
- Websäit vum fréiere Parverband Osper
- D'Fënstere vun der Kierch vu Biebereg op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergele vun der Kierch op Orgues.lu
-
D'Kierch aus südlecher Richtung
-
D'Kierch aus nordlëstlecher Richtung
-
Den Agank vun der Kierch
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 8. Oktober 2025).
- ↑ Historique Préizerdaul.lu
