Kierch Déierbech
Ausgesinn
| ||||
|---|---|---|---|---|
Kierch vun Déierbech (2014) | ||||
| Uertschaft / Plaz | Déierbech | |||
| Par | Wëntger Sainte-Famille | |||
| Dekanat | Norden | |||
| Numm / Patréiner | Hl. Maria Magdalena | |||
| Konsekratioun | 1735 | |||
| Baujoer | 1732 | |||
| Koordinaten | 50° 00’ 52.6’’ N 05° 53’ 23.2’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||
D'Kierch zu Déierbech ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
D'Patréinesch vun der Kierch ass dhelleg Maria Magdalena, där hiert Fest den 22. Juli gefeiert gëtt.
D'Kierch steet ganz ëstlech an der Uertschaft. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Den 3. Oktober 2025 gouf s'als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierch gouf 1732 gebaut an am Juli 1735 vum Weihbëschof Gilis vu Léck konsekréiert.[2]
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Déierbech, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Et war déi eenzeg Kierch an dëser Par.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kierch Déierbech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wëntger Sainte-Famille
- D'Fënstere vun der Kierch vun Déierbech op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Kierch vu Südweste gesinn
- D'Kierch vun Oste gesinn
- Agank vun der Kierch
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
- ↑ "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 172 an 181
