Kierch Diänjen
| ||||
---|---|---|---|---|
Kierch vun Diänjen (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Diänjen | |||
Par | Wëntger Sainte-Famille | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Johannes | |||
Konsekratioun | 1721 | |||
Baujoer | 1718 | |||
Koordinaten | 50° 03’ 43.6’’ N 05° 57’ 17.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Diänjen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am nërdlechen Deel vun der Uertschaft. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierch gouf 1718 ënner dem Paschtouer Joannes Baltus gebaut a vum Weihbëschof vu Léck 1721 konsekréiert[1]. Den Tuerm geet a sengem Kär nach op d'Mëttelalter zeréck.
D'Kierch ass vu bausse ganz einfach an ouni Dekor. De Banneraum beandrockt duerch säin aussergewéinleche Räichtum. Déi barock Haapt- an d'Niewenaltär goufe 1719 vum Dikrecher Schräiner Jean-Pierre Schneider opgeriicht.
D'Kierch gouf um Enn vum 19. Joerhonnert vergréissert.
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der aler Par Diänjen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Diänjen huet ausser der Parkierch vun Diänjen och nach d'Kapell vu Stackem gehéiert.
-
D'Kierch vu Weste gesinn
-
Missiounskräiz a Muttergottesstatu op der Südsäit
-
Agank vun der Kierch
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Diänjen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wëntger Sainte-Famille
- D'Fënstere vun der Kierch vun Diänjen op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 154