Kierch Fenteng
Ausgesinn
| ||||
|---|---|---|---|---|
D'Fentenger Kierch | ||||
| Uertschaft / Plaz | Fenteng | |||
| Par | Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs | |||
| Dekanat | Süden-Ost | |||
| Koordinaten | 49° 33’ 54.8’’ N 06° 09’ 11.3’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||
D'Kierch vu Fenteng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Hesper gehéiert.
Si steet op der Beetebuerger Strooss, dem CR159. Nieft der Kierch stinn nach e puer al Grafsteng vum fréiere Kierfecht.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierch ass e puermol ëmgebaut ginn. 1892 ass de Kierchtuerm, dee fréier um Daach vun der Kierch souz, ersat ginn. 1922-23 ass de Chouer ersat ginn an 1933-34 ass d'Schëff ofgerappt an duerch dat haitegt Gebai ersat ginn.
D'Uergel
[änneren | Quelltext änneren]D'Uergel vun der Fentenger Kierch ass am Joer 2007 vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder vu Lëntgen opgeriicht ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kierch Fenteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Hesper
- D'Fënstere vun der Kierch vu Fenteng op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel op der Websäit orgues.lu

