Kierch Hueschtert (Nidderaanwen)
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Hueschtert | |||
Par | Par Iewescht Syr Saint-Esprit | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Johannes den Deefer | |||
Baujoer | 1857 an 1859 | |||
Koordinaten | 49° 39’ 29.6’’ N 06° 13’ 58.6’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch vun Hueschtert ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Nidderaanwen gehéiert.
De Patréiner ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.
Se steet op der Place Grande-Duchesse Charlotte op der Kräizung vun der Haaptstrooss (rue Principale) mat der rue de la Gare.
Zur fréierer Par Hueschtert huet ausser der Parkierch vun Hueschtert och nach d'Filialkierch vun Iernster gehéiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierch vun Hueschtert ass tëscht 1857 an 1859 gebaut ginn nodeem déi al Kapell um Hueschterter Kierfecht ze kleng gi war. 1871 gouf iwwer der Agankspaart eng Statu vum hellegen Cyriakus ubruecht. Bannen an der Kierch ass um rietse Säitenaltor nach eng Statu vum Hl. Cyriakus ze gesinn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Hueschtert (Nidderaanwen) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Nei Par Sektor Ost
- D'Fënstere vun der Kierch vun Hueschtert op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
-
Kierch vun Hueschtert
-
Kierch vun Hueschtert vu bannen
-
D'Uergel vun der Kierch