Op den Inhalt sprangen

Jousefskierch zu Iernster

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Iernster)
Kierch vun Iernster

Uertschaft / PlazConter
Par Par Iewescht Syr
Saint-Esprit
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hellege Jousef
Desakraliséiert Oktober 2022
Proprietär Gemeng Nidderaanwen
Koordinaten 49° 40’ 52.8’’ N
      06° 14’ 51.9’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Jousefskierch zu Iernster war eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Nidderaanwen gehéiert huet.

De Patréiner war den hellege Jousef, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.

Se steet zu Iernster an der Haaptstrooss (rue Principale), dem CR132. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Hueschtert huet ausser der Filialkierch vun Iernster och nach d'Parkierch vun Hueschtert gehéiert.

Zënter Oktober 2022[1] ass se entweit a gehéiert elo der Gemeng Nidderaanwen. D'Kierch gëtt fir sozial Zwecker genotzt, als Buttek mat präiswäerte Kleeder aus zweeter Hand.[2]

 Commons: Jousefskierch zu Iernster – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Äerzbëscheeflechen Dekreet vum 15.10.2022
  2. Desakraliséiert, mä ëmmer nach e reliéisen Zweck, D'Iernster Kierch lieft am Soziale weider.. rtl.lu (29.8.2024). Gekuckt den 30.8.2024.