Kierch Leetem

Vu Wikipedia
Kierch vu Leetem
Filialkierch vu Leetem (2014)

Filialkierch vu Leetem (2014)
Filialkierch vu Leetem (2014)
Uertschaft / Plaz Leetem
Par Ëlwen–Wäiswampich
Saint-François
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Onbefleckt
Empfängnis
Baujoer 1877
Koordinaten 50° 09’ 38.4’’ N
      06° 06’ 30.5’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Leetem ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert.

D'Kierch ass der Onbefleckter Empfängnis geweit. D'Fest gëtt den 8. Dezember gefeiert.

Se steet am Zentrum vum Duerf an engem Säitewee vun der Duarrefstrooss, dem CR335.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch staamt aus dem Joer 1877 an ass an engem Stil gebaut, deen deem vun der Kierch vu Beeler gläicht.

An der Kierch dominéiert e restauréierte Barockaltor. Iwwer dem Tabernakel an der Mëtt vum Altor steet d'Haaptpatréinerin, d'Immaculata. Z'ernimmen ass nach dat gemoolt Bild vun de 14 Nouthëllefer.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Beeler, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Beeler huet ausser der Filialkierch vu Leetem och nach d'Parkierch vu Beeler gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Leetem – Biller, Videoen oder Audiodateien