Kierch Nidderpallen

Vu Wikipedia
Kierch vun
Nidderpallen
Parkierch vun Nidderpallen (2014)

Parkierch vun Nidderpallen (2014)
Parkierch vun Nidderpallen (2014)
Uertschaft / Plaz Nidderpallen
Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Bernhard
Baujoer 1868[1]
Koordinaten 49° 45’ 17.1’’ N
      05° 54’ 43.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Nidderpallen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Réiden op der Atert gehéiert.

D'Kierch huet als Patréiner den hellege Bernhard, deem säi Fest den 20. August gefeiert gëtt.

Si steet an der rue de Reichlange, dem CR106C. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Nidderpallen huet ausser der Parkierch vun Nidderpallen och nach d'Filialkierch vun Näerden gehéiert.

De leschte Paschtouer deen am Paschtoueschhaus zu Nidderpalle gewunnt huet war den Albert Weber, deen 1980 un de Follge vun engem Autosaccident gestuerwen ass[2]. Zanterhier a bis an d'Joer 2000 gouf d'Par Nidderpallen mat der Filial Näerden vum Paschtouer aus dem Schweecherdall verwalt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Nidderpallen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort vum 15. Januar 1868..
  2. Pfarrer Albert Weber aus Niederpallen tödlich verunglückt. Luxemburger Wort (n° 59) vum 11. Mäerz 1980, p. 6..