Dionysiuskierch vun Näerden

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Näerden)
Kierch vun Näerden

Uertschaft / Plaz Näerden
Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hellegen Denis
Koordinaten 49° 44’ 26.4’’ N
      05° 55’ 27’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Dionysiuskierch vun Näerden ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Biekerech gehéiert.

Si steet am Kär vun der Uertschaft vis-à-vis vun der Schoul op der Kräizung vun der Schweecherdauler Strooss, dem CR106, an dem Kierchewee. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

D'Kierch huet als Patréiner den hellegen Dionysius (Denis), deem säi Fest den 9. Oktober gefeiert gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 14. Juli 1570 gëtt dokumentaresch eng Kapell zu Näerden ernimmt. Se hat 1 Altor a war dem hellegen Dionysius (Denis) geweit. Eemol an der Woch gouf do eng Mass gelies; de Paschtouer vu Biekerech krut dofir 5 Florins: ...Capella in Nordingen, Patrona S. Dionysius, habet hebdomadalem missam, et recipet quinque florenos. Gustos.[1]

An engem zweete Visitatiounsbericht vu 1686 geet rieds vun engem 2. Altor an der Kapell zu Näerden.[2]

Vu 1692 un muss d'Par Biekerech (an domat och d'Awunner vun Näerden) net méi all Joer eng Persoun pro Stot op d'Iechternacher Sprangpressessioun schécken. Wärend der Peschtepedimie tëscht 1348 an 1350 haten déi Gleeweg verprach, eemol am Joer déi Pilgerfahrt ze maachen.[2]

1775 gëtt déi al Kapell, déi warscheinlech baufälleg war, ofgerappt an op der nämmlechter Plaz eng nei, méi grouss mat 3 Altär opgeriicht.

Näerden gehéiert bis zu der Franséischer Revolutioun zur Par Biekerech, kënnt ënner dem Napoléon zur Par Ielwen a gëtt 1878 en Deel vun der Par Nidderpallen.[3]

1810 krut déi deemoleg Kapell eng nei Klack, nodeems déi al wärend der Franséischer Revolutioun verschwonnen a warscheinlech op Iewerleng bruecht gi war. Se war dem hellegen Dionysius an dem hellegen Donatus geweit a gouf an der Klackegéisserei Mabilon zu Saarburg gegoss.

1892 gouf déi al Klack vun 1810 duerch zwou neier ersat. Se goufen an der Klackegéisserei Bour et Guenser zu Metz gegoss. Déi kleng Klack ass dem hellegen Donatus geweit, déi grouss dem hellegen Dionysius.

Vun 1894 bis 1895 gouf déi haiteg Kierch opgeriicht, déi bis an eis Zäit era bis op e puer Ëmännerungen am Joer 1956 an hirem Grondrëss erhalen ass.[4]

1976 krut d'Kierch eng nei Uergel aus der Lëntgener Uergelfabréck ënner der Leedung vum Georg Westenfelder.

1984 gouf um Kierfecht e Monument aux morts opgestallt fir un all déi Näerdener Leit z'erënneren, déi am 2. Weltkrich hiert Liewe gelooss hunn.

1995 gouf, 50 Joer no der Ardennenoffensiv, eng Plack nieft dem Monument aux morts opgeriicht. Si soll un d'Evakuatioun vum Duerf an un d'Miliz vun der Resistenz erënneren, déi als eenzegen arméierte Posten op där Säit vun der Kräizerbuch an der Uertschaft bliwwen ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monument aux morts an US-Monument zu Näerden.

D'Kierch vun Näerden huet bis 2017 zur fréierer Par Nidderpallen gehéiert, ier se dunn an déi nei Par Atertdall Sainte-Claire intégréiert gouf. Zur fréierer Par Nidderpallen huet ausser der Filialkierch vun Näerden och nach d'Parkierch vun Nidderpallen gehéiert.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch vum 'Kierchewee' aus gesinn, mat der Primärschoul am Hannergrond, Abrëll 2013
D'Kierch vun der 'Schweecherdauler Strooss' aus gesinn, Abrëll 2013
D'Näerdener Kierch vum Héibierg aus gesinn, am Hannergrond Näerden, Mee 2013

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dionysiuskierch vun Näerden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J.W. Heydinger, Archidiacpmatres tituli Ste Agathae Longuiano, Tréier 1884
  2. 2,0 2,1 60 Joer Pompjéën Näerden 1928-1988, S. 37-39
  3. 150 Joer Kanton Réiden, S.88
  4. La commune se présente, Broschür vun der Gemeng Biekerech