Dionysiuskierch vun Uewerkäerjeng

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Uewerkäerjeng)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vun Uewerkäerjeng
Kierch vun Uewerkäerjeng
Uertschaft Uewerkäerjeng
Par Uewerkäerjeng
Numm / Patréiner Hl. Dionysius
Konsekratiounsjoer 1761
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen

D'Dionysiuskierch vun Uewerkäerjeng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Uewerkäerjeng, zum Parverband Nidderkäerjeng, zu der Pastoralregioun Süden, zum Dekanat Käerch an zu der Gemeng Käerjeng gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Romain Gillen vun Nidderkäerjeng.

De Patréiner ass den Hellegen Dionysius (Denis), deem säi Fest den 9. Oktober gefeiert gëtt.

Si steet an der rue de l'Église, enger Säitestrooss vun der rue de Bascharage, dem CR110A.

Zur Par Uewerkäerjeng gehéiert ausser der Parkierch vun Uewerkäerjeng och nach d'Filialkierch vu Lénger.

Zanter dem 28. Januar 1971 ass d'Kierch als Zousazinventaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1744 ass d'Uewerkäerjenger Kierch nei opgebaut ginn. Dorop weist de Schlusssteen iwwer der Aganksdier hin, op dem "Anno 1744" - "Reaedificatum 1740" steet.

De 15. August 1761 gouf d'Kierch vum Tréierer Weibëschof Johannes Nikolaus von Hontheim konsekréiert.

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel vun der Uewerkäerjenger Kierch gouf 1952 vun der Uergelmanufaktur Sebald vun Tréier gebaut an ass zanterhier onverännert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dionysiuskierch vun Uewerkäerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kierch vun Uewerkäerjeng (2013)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste consultative des immeubles et objets protégés par l'État: Communes de J à L. (Lescht Versioun vum 2. Abrëll 2019).