Kierch vun Hodimont

Vu Wikipedia
Kierch vun Hodimont

Uertschaft / Plaz BELBEL Hodimont
Numm / Patréiner Jang den Deefer (bis 2016)
Architekt(en) A. de Fisenne
Baujoer 1887-1888
Koordinaten 50° 35’ 43.16’’ N
      5° 51’ 3.18’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vun Hodimont ass eng Kierch am Quartier Hodimont an der belscher Stad Verviers. Se steet an der Rue de la Chapelle op N° 63.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Kierch ass vun 1887-1888 a gouf no Pläng vum Architekt A. de Fisenne vun Tilleur gebaut. Si huet eng barock Kapell vu 1710 ersat, déi ze kleng gi war. Et ass en einfacht zille Gebai am neigotesche Stil mat engem véiereckegen Tuerm an der Entrée, deen eng aachteckeg Lanter huet, an och en aachteckegen Daach. No der Fusioun vun de Paren Saints Antoine & Hubert a Saint Jean-Baptiste gouf Kierch manner vum kathoulesche Kult gebraucht a gouf 2016 dunn un griichesch-orthodox Gemeinschaft vu Verviers ofginn, well fir d'Helleg Anna Kapell zu Verviers fir déi ze kleng gi war.

Par Hodimont[änneren | Quelltext änneren]

Bis an d'18. Joerhonnert huet Hodimont souwuel um ziville wéi um reliéise Plang zu Petit-Rechain gehéiert. Wéi mat der Industrialséierung d'Awunnerzuel staark an d'Luucht goung an de Wee op Petit-Rechain wäit a beschwéierlech war, hunn d'Leit vun Hodimont sech eng eege Kierch gewënscht. Wéi 1709 de Jean-Baptiste de Bressy als Legat vum Poopst zu Verviers op Besuch war, hu se deen drop ugesprach an deen huet de 14. Oktober de Bau vun enger Kapell als Filial vu Petit-Rechain autoriséiert. De Lambert de Soumagne huet den Terrain zur Verfügung gestallt an de 17. Februar 1711 gouf d'Kapell vum Paschtouer vu Petit-Rechain ageseent. Se krut als Patréiner den hellege Jang den Deefer fir un de Virnum vum Legat z'erënneren. 1721 gouf e Kaploun ernannt an 1803 gouf et eng Filial vu Saint-Remacle vu Verviers. 1807 gouf d'Kapell mam Ubau vun engem Chouer vergréissert an 1833 gouf d'Filial zur Par erhuewen.

Well déi Kapell ze kleng gi war, gouf 1888 déi haiteg Kierch gebaut.

Miwwelen[änneren | Quelltext änneren]

  • De Priedegtstull an de Beichtstull am Stil Louis XIV.
  • D'Uergel mat engem Buffet am Stil Louis XV., ëm 1747, klasséiert mat engem Arrêté royal den 3. Oktober 1974
  • Polychrom hëlze Statuen aus dem 18. Joerhonnert
  • Hëlze Bänke vun ëm 1732
  • Grafplacken aus dem 18. Joerhonnert

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal vun der Belsch: All Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Belsch