Kiewer Kotlett

Vu Wikipedia
Kiewer Kotletten ouni Broschtschank

Eng Kiewer Kotlett (ukr. котлета по-київськи, russ. котлета по-киевски) ass en Héngerfleeschplat aus der ukrainescher an der russescher Kichen.

Fir d'Preparatioun vum Plat hëlt een e ganze Broschtfilet vun engem Poulet. D'Haut gëtt ofgezunn, de Filet gëtt dee laange Wee an zwou Hallschente geschnidden a flaach geklappt. Duerno gëtt d'Fleesch mat gekilltem Botter oder enger Kraidermëschung gefëllt, an da panéiert een et mat Ee a Panéiermiel, ier een et an de Frigo stellt fir datt d'Fleesch an d'Fëllung virum Kache fest ginn. Schliisslech ginn d'Kiewer Kotletten e puer Minutten a gliddegem Fett frittéiert. Amplaz se an der Friteuse ze preparéiere kann ee se awer och kuerz ubroden an duerno am Uewen opbaken. Heiansdo gëtt eng Broschtschank um Filet gelooss, fir datt déi fäerdeg Kotlett sech mat de Fanger iesse léisst.

D'Erfindung vun de Kiewer Kotelette gëtt de Käch vun engem Sankt Péitersbuerger Nobelrestaurant am Grand Hotel Europe zougeschriwwen. Dëse Restaurant huet vun 1910 bis kuerz virun der Oktoberrevolutioun 1917 existéiert an hat Nei-Michailow-Kotletten (russ. Ново-михайловские котлеты) um Menü, déi hiren Numm méiglecherweis vum Michael-Palast hier haten deen net wäit ewech stoung. Den haitegen Numm vum Plat huet sech eréischt no 1947 duerchgesat, wéi d'Kotletten an engem Kiewer Restaurant ënner dësem Numm ugebuede goufen. Mëttlerweil gehéiere Kiewer Kotletten zu der Standardoffer vu russesche Restauranten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]