Klassenkampf (Zeitung)

Vu Wikipedia
Klassenkampf
Typ Zeitung
Éischt Ausgab 1. Mee 1970
Lescht Ausgab Juli 1985
Land Lëtzebuerg
Format DIN A4


Klassenkampf war eng Zeitung déi zu Lëtzebuerg tëscht 1970 an 1992 (vun 1985 als Sozialistesch Aktioun) erauskoum.

Déi éischt Nummer ass den 1. Mee 1970 an enger Oplo vu 480 Exemplairen, am A4-Format, publizéiert ginn. Wéi d'Ligue communiste révolutionaire sech ofgespléckt hat, fir der IV. International bäizetrieden, ass et där hiert Organ ginn. Vu Juli 1973 u koum en am A3-Format eraus.

Wéi aus der LCR 1985 d'Revolutionär Sozialistesch Partei gouf, huet se och den Titel vun hirer Publikatioun op Sozialistesch Aktioun ëmgeännert. Deem seng Periodizitéit ass ëmmer méi onreegelméisseg ginn, bis 1992 déi lescht Nummer erauskoum.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hilgert an der Literatur.