Kourou
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Guyane | ||||
Departement | Guyane | ||||
Arrondissement | Cayenne | ||||
Kanton | Kourou | ||||
Postcode | 97310 | ||||
Gemengecode | 97304 | ||||
Koordinaten | 05° 09’ 35’’ N 52° 39’ 01’’ W | ||||
Bevëlkerung | 25.490 (2012) |
Kourou ass eng franséisch Gemeng am franséischen Iwwerséigebitt Guyane.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Kourou läit eng 60 km nordwestlech vun der Haaptstad Cayenne op der Atlantikküst, am Norde vu Südamerika., do wou de Floss mam nämmlechten Numm an d'Mier leeft.
Et ass virun allem bekannt duerch d'Weltraumgare Centre spatial guyanais, déi vun der ESA bedriwwe gëtt. Se gouf 1965 gebaut fir Rakéiten an d'Luucht ze schécken. Si läit gënschteg no beim Equator. Vum Centre spatial guyanais aus ginn an der lescht virun allem Ariane 5-, Sojus- a Vegarakéiten opgeschoss.
Ronn 14 km virun der Küst vu Kourou leien d'Îles du Salut (Île Royale, Île Saint-Joseph an Île du Diable), bis 1945 eng Kolonie (Bagne) fir Prisonéier, ënner hinnen den Alfred Dreyfus (1894), de Guillaume Seznec (1923) an den Henri Charrière (1933, bekannt duerch säi Buch an de Film Papillon).
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Guyane française
- Arrondissementer am Departement Guyane française
- Kantonen am Departement Guyane française
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Guyane française
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ralf Butscher: Großer Bahnhof am Äquator. In: Bild der Wissenschaft. 1/2005, S. 88–93, ISSN 0006-2375
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kourou – Biller, Videoen oder Audiodateien |